Den Eldoradio Alternative Channel ass de Webradio vun Eldoradio fir all déi, déi et gär e bësse méi rauh hunn. Amplaz vun de Charts aus dem Haaptprogramm lafen hei Alternative- an Indie-Rock am Stroum. De Sender gëtt et nëmmen online, als Ergänzung zum UKW-Programm vun Eldoradio.